Eise Fanclub huet 30 Tickets fir de Match Bayer Leverkusen vs Bayern München kritt. Dëse Match ass den 12.Februar 2019 um 15h30 (Samschdes).
Mir organiséieren eng Busrees mat eisem Partner Voyages Huberty.
Départ um 9h30 zu Péiteng bei der Sportshal, nom Match fueren mir direkt heem.
De Präis fir d’Busrees + Ticket ass 105 Euro pro Persoun.
Umellen kennt dir iech iwwert den Online Shop op eiser Homepage oder iwwert den Pierre IRTHUM (661 660 801) oder beim Steve ZEIMES (621379281).
Bis den 12.Januar muss bezuelt ginn!
Weider Infos stinn hei ënnen um Bild.






