Eisen Fanclub huet Ticketen fir den Match géint den HSV. Dësen Match gëtt den Freiden den 14. August 2015 um 20.30 Auer an der Allianz-Arena ugepaff. ET SINN KENG TICKETEN MÉI DO AN DEN BUS ASS VOLL !!!!!
Den 8. Juni huet eisen Fanclub seng 5. ordentlech Generalversammlung zu Péiteng am Café am Home ofgehal. Dat virun engem gudd gefëllten Sall, wou den uwiesenden Memberen no der Generalversammlung Fritten, Ham an Zalot ugebueden gouf. Joel LEPAGE, Eric SCHAUS, Pierre IRTHUM, Gast REINARD, Jacques SCHWACHTGEN, Sébastien HAAS, Jean-Paul KOHNEN, Dan THOMA, Romain ROSENFELD an Marcel JUNGERS (Keeserevisor)
      Den 04 Juli feieren mir d’Independence Night zesummen mat eisen Kollegen vun den Harley Frënn Péiteng. An dat mat enger MEGA Band!!! „CHALLENGERS an FASCINATION“ dirften jo nach jidderengem en Begrëff sin. NAVETTEN sin virgesinn vum Cactus Bascharage Cactus Pëiteng an Sportshaal Pëiteng Mettes ass virum Home en Grillfest Bayern meets Harley Davidson mat amerikaneschem Bëier an letzebeurger Iessen an Musek. Kommt alleguer deen Daag ob Péiteng well et lount sech!! TICKETEN FIR DEN BAL GINN ET BEI EIS AM SHOP FIR 5 €/Steck AN BEI ALL COMITESMEMBER VUN DEN 2 VERÄINER.
Wéi et elo schon bal eng Traditioun fir eisen Fanclub ass, hunn mir eis och dest Joer um TELEVIE bedeelegt an konnten den 25. Abrëll 2015 zu Rodange en Scheck vun 1000 € iwwerreeschen. Mir soen eisen Memberen an Frënn en groussen Merci, well ouni si wär dat net méiglech. 9.jpg ◄ Zurueck Vor ► Bild 1 von 9