Den 8. Juni huet eisen Fanclub seng 5. ordentlech Generalversammlung zu Péiteng am Café am Home ofgehal. Dat virun engem gudd gefëllten Sall, wou den uwiesenden Memberen no der Generalversammlung Fritten, Ham an Zalot ugebueden gouf. Joel LEPAGE, Eric SCHAUS, Pierre IRTHUM, Gast REINARD, Jacques SCHWACHTGEN, Sébastien HAAS, Jean-Paul KOHNEN, Dan THOMA, Romain ROSENFELD an Marcel JUNGERS (Keeserevisor)
      Den 04 Juli feieren mir d’Independence Night zesummen mat eisen Kollegen vun den Harley Frënn Péiteng. An dat mat enger MEGA Band!!! „CHALLENGERS an FASCINATION“ dirften jo nach jidderengem en Begrëff sin. NAVETTEN sin virgesinn vum Cactus Bascharage Cactus Pëiteng an Sportshaal Pëiteng Mettes ass virum Home en Grillfest Bayern meets Harley Davidson mat amerikaneschem Bëier an letzebeurger Iessen an Musek. Kommt alleguer deen Daag ob Péiteng well et lount sech!! TICKETEN FIR DEN BAL GINN ET BEI EIS AM SHOP FIR 5 €/Steck AN BEI ALL COMITESMEMBER VUN DEN 2 VERÄINER.
Wéi et elo schon bal eng Traditioun fir eisen Fanclub ass, hunn mir eis och dest Joer um TELEVIE bedeelegt an konnten den 25. Abrëll 2015 zu Rodange en Scheck vun 1000 € iwwerreeschen. Mir soen eisen Memberen an Frënn en groussen Merci, well ouni si wär dat net méiglech. 9.jpg ◄ Zurueck Vor ► Bild 1 von 9
        Nodeems schon en Artikel iwert eise Fanclub am Bayern-Magazin Nr.64/17 aus dem Joer 2012 stoung (Télévie 2012), si mir frou an houfreg dass am aktuellen Bayern-Magazin Nr.66/08 vum 06/12/14 e Reportage vum sozialen Engagement vun eisem Fanclub bei der Aktioun „Télévie 2014“publizéiert as. D’Magazin vum FC Bayern München gët mëttlerweil vun 251.315 Membren gelies. Eng schéi Reklam fir eise Péiténger Fanclub, mee ouni d’Memberen, déi eis ëmmer ënnerstetzen, wier dat net méiglech. Dofir en groussen MERCI un iech all. Jacques SCHWACHTGEN, President