Den 20. November ass en ganz wichtegen Match fir den FCB an eisen Fanclub hofft, dass mer deen erëm esou zahlräich am Home kucken. Et ginn och erëm schéin Präisser ze gewannen.
Den 14. November um 17.30 Auer spillt den FCB géint Nürnberg. Während dësem Match verspillen mer nach en Kaartenspill mat flotten Präisser. Dofir Rdv ab 17.00 Auer am Home.
Verschidden vun eisen Memberen waren den Match FCB – Freiburg live op München kucken an hunn eis vill schéin Fotoen matbruecht. D’Fotoen sinn an eiser Fotogallerie ze fannen.
Den Pierre Irthum huet 2 Ticketen ze verkafen fir den Match FC Bayern géint den 1. FC Nürnberg den 14. November an der Allianz-Arena. Interessenten sollen sech beim Pierre mellen an zwar per Mail pierre.irthum@fcbpet.lu