No all denen positiven Echoen beim TELEVIE 2013 ass et och en groussen Merci vun München und den FCBPet 2010 asbl. Ze liesen am Bayern magazin 17.64 op der Säit 62. Domadder ass den Engagement vum FCBPet eng weider Kéier belount ginn.
Den 25. Mee ass bekanntlech d’Finall aus der Champion’s League. Zu dësem Ulass zervéiert d’Equipe aus dem Home entweder Fritten, Ham an Zalot oder Lasagne. Leit, déi intresséiert sinn virum Match en Mauffel ze iessen, sollen sech um 50 78 59 unmellen.
Et ass geschwenn erem esou wäit, dass mir Fanclubpoloen bestellen. Vill Memberen hunn jo schon een an et sinn och schon e puer nei Commanden do. Déi Leit, déi intresséiert sinn esou en Polo ze bestellen kennen dat elo online maachen. Den Polo gett et am schwaarzen oder am rouden, mam Numm vum Fanclub an den eegenen Numm drop. Des weideren ass och nach en Emblem drop, dass mir en offiziellen Fanclub sinn. Hei kann een bestellen
Den FCBPet 2010 asbl invitéiert Iech häerzlech op en Fierkeliessen an den Home. Dëst den 1. Juni 2013. Op deem Dag gëtt och d’Finall vum DFB-Pokal gespillt. Vu que dass d’Plazen awer begrenzt sinn, müssen Intresséierter sech awer umellen. Den Präis ass 18 €. Unmellen kann een sech am Home um 50 78 59