Match FCB – Braunschweig Ticket mam Bus, Hotel (2 Nueten) 29.11.2013-01.12.2013 Isar-Tor-Hotel *** Präis pro Persoun: 290 € Duebelzëmmer Präis pro Persoun: 340 € Eenzelzëmmer Reess kann och ouni den Match gebucht ginn, dann ass den Präis 50 € méi bëlleg Umeldung ennert 621 193 950 oder 661 660 801 oder tickets@fcbpet.lu Déi éischt sinn vir
Um 5 Auer moies ass den Bus zu Péiteng bei der Sportshal fortgefuer. Fir d’éischt gouf et emol Croissanten wou „FCB“ drop stoung. Kuerz no Mëtteg war déi flott Equipe dunn zu München, wou jiddereen maachen konnt wat en wollt. Um 18 Auer sinn mir all zesummen bei den Stadion gefuer fir um Véirel vir néng den Match ze gesinn. Frou an zefridden iwwert 3 Punkten ass et nom Match erëm zeréck op Lëtzebuerg gaang. Mir waren alleguer gutt midd, mä et war en super Dag mat enger gudder Ambiance. Diashow 123491011►
Den 8.9.2013 hat den UN Kärjeng den Raiffeisen Jugendcup organiséiert. Fir dësen Event haten d’Poussins vum FC Bayern München och den Wee op Lëtzebuerg fonnt. An hirer Kategorie hunn sie och prompt déi éischte Plaz gemeet. Selbstverständlech waren Vertrieder vun eisem Fanclub op Kärjeng fir déi jonk Leit unzefeieren.
Eisen Fanclub huet 40 Ticketen fir den Match FC Bayern München – ZSKA Moskau kritt. Den Match ass den 17. September 2013 um 20.45 Auer zu München. Mir hunn fir deen Match eng Busreess organiséiert. Den Bus fiert den Dënschden den Moien um 5 Auer zu Péiteng bei der Sportshal fort an mir kommen owes nom Match (23.00 Auer) erëm zeréck. Wann’s du intresséiert bass op München ze fueren, dann kanns du en Ticket bei eis ufroen. Selbstverständlech hunn eis Memberen alleguer Virrecht op en Ticketen. Den Ticket mam Bus kascht 90 €. Ticketen kenn bestallt ginn beim Dan Thoma um 621 193 950 no 15.00 Auer (keng SMS) […]