Den Comité vum FC Bayern München Fanclub Péiteng 2010 invitéiert all seng Memberen op seng Generalversammlung, déi den 20. Juni um 19.30 Auer am Café am Home zu Péiteng stattfënnt. Fir déi Memberen, déi net kennen kommen, fannt dir hei eng Procuratioun
Den 19. Mai spillt den FCB d’Championsleaguefinall géint Chelsea zu München. Och zu dem Anlass kann een en Menu am Home virbestellen. Dobäi handelt et sech em Porcelet farci mat Gromperenzalot. Dat zum Präis vun 16 €. Bestellen kann een per Telefon um 507859.
Den 12. Mee spillt den FCB jo d’Finall vum DFB-Pokal zu Berlin géint Dortmund. Fir dësen Event ass et méiglech am Home ze iessen. Et gett Fritten, Ham an Zalot. Et muss een sech awer virdrun um Tel.: 50 78 59 (Café am Home) umellen. Den Präis ass 14 €.
Een vun eisen Memberen huet eis dës schéi Fotoen zoukommen gelooss.
Den 21.03.2012 huet den FC Bayern München zu Mönchengladbach géint d’Borussia gespillt. Den FCBPet war mat 45 Memberen dohinner den Match kucken an huet en spannenden Match gesinn, deen schlussendlech duerch en Eelefmeterschéissen 2:4 zu Gonschten vum FCB ausgaang ass. Elo geet et dann den 12. Mee op Berlin géint den BVB