Heimadder invitéieren mir Iech häerzlech op eis grouss Meeschterfeier am Home. Musek vum DJ Dan, Weisswurscht an bayreschen Béier. Den Ufank ass direkt nom Bundesligamatch, d.h. sou géint 17.30 Auer. Owes kann een sech dann unmellen fir Fierkel, Gromperen an Zalotenbuffet. Den Präis ass 18 € an et gëtt ab 20.00 AUer zervéiert. Och heifir muss een sech umellen an zwar am Home um Tel.: 50 78 59 Wien onbedengt eng Weisswurscht wëll soll sech déi och am beschten am Home reservéieren.
  Wéi der op den Fotoen gesidd, huet den FCBPet 2010 asbl dëst Joer 500 € fir den TELEVIE gespennt. Den Memberen an dem Comité en decken Merci dofir.
Wéi all Joer, maachen mir och dëst Joer erem beim TELEVIE mat. Leit, déi eis ennerstëtzen wëllen kennen dat gären maachen. Kuerz no 10 Auer wäert eisen President en Cheque fir den TELEVIE iwwerreeschen an live op RTL e puer Wieder zu eisem Fanclub soen.  
Den Moien um 5.00 Auer ass en Bus vun der Firma Huberty mat enger Partie Memberen vum FCBPet 2010 asbl a Richtung München opgebrach. Um Steier sëtzen eis Clubchaufferen, den Kim an den Jean-Paul. Déi aner Comitésmemberen mam Pierre un der Spëtzt këmmeren sech em d’Organisatioun. Hei sinn elo déi éischten Fotoen.
Niewend eisem Fanclub, ginn et der nach 4 hei am Land. Leider ginn et och schwaarz Schoof dobäi, wéi den Artikel hei ënnendrënner weist. Den Comité vum FC BAYERN MÜNCHEN FANCLUB Péiteng 2010 distanzéiert sech heimadder formell vun dem Fanclub „Bayern Bazi’s vun Dideleng“ an konfirméiert sengen Memberen an Supporteren, dass mir näischt mat hinnen ze dinn hunn. De Comité vum FCBPet 2010 asbl ______________________________________________  © Lëtzebuerg Privat (online vum 07.02.2013) 07.02.2013 / Ist dieser Luxemburger FC Bayern Fan-Club nur Abzocke? „Bayern Bazi’s aus Düdelingen“ kassieren Mitgliedsbeiträge ohne Gegenleistung Das Angebot des Fanclubs „Bayern Bazi’s aus Düdelingen“ vom FC Bayern München klingt für echte Bayern München-Fans verlockend. „Eine Mitgliedschaft garantiert […]