Regelen fir online ze bestellen

Et ginn awer e puer Regelen fir dass dat Ganzt uerdentlech fonctionnéiert:

  • Bestellungen kennen nëmmen vun Memberen aus dem Fanclub gemeet ginn.
  • Bestellungen mussen op engem offiziellen Bestellziedel stoen. Et ginn keng aner Ziedelen oder Béierdeckelen an esou weider méi ugeholl.
  • Den Sekretär kuckt dann online den aktuellen Präis vun den Artikelen no.
  • All Member wou bestellt kritt eng Rechnung vum Tresorier geschéckt. Eréischt wann d’Suen op eisem Compte sinn bestellen mir d’Saachen zu München.
  • Bei all Commande ass eng Participatioun vun 2,50 €, fir d’Versandkäschten ze decken, dobäi
  • Wann d’Commande ukomm ass, kritt den Member Bescheed gesot, wéini si déi Commande sichen kann kommen. D’Commanden ginn net am Home gelagert, sou dass et keen Wäert huet se en aneren Dag sichen ze kommen.