Visite an der Ausstellung vum 2. Weltkrich

De Fanclub war haut eng Visite an der Ausstellung vum 2. Weltkrich zu Péiteng maachen.E grousse Merci un eis zwee Guiden, Jean Reitz an Guy Kummer, déi eis alles supper erklärt hunn. D’Ausstellung war ganz interessant an ass nach bis Enn Dezember 2019 op. Et war wichteg, dass eis Memberen och mol ëppes neies ze gesinn kréien. Mir hunn fonnt, dass mir als Péitenger Fanclub onbedingt missten dohinner goen.