Den 5. Juni huet den FCBPet Péiteng 2010 asbl seng Generalversammlung am Home ofgehal. Niewend villen Memberen haten ebenfalls den Buergermeeschter Pierre MELINA an Gemengenrotsmemberen Josette CONZEMIUS-HOLCHER, Marco STOFFEL an Carlo GIRA den Wee an d’Home fonnt.
No den Aktivitéitsrapporten vum Tresorier an dem Secrétaire, dem Rapport vun den Keeserevisoren, krouch den Comité unanime Decharge vun der Assemblée. 2 Posten waren bei den Neiwahlen ze besetzen. Den vum Alain GANTREL, den no véier Joer Presidentschaft seng Demissioun ginn huet an den vum Christian Watrinelle, den am Laf vun der Saison demissionéiert huet. Frësch an den Comité sinn dofir den Eric SCHAUS an den Gast REINARD unanime vun der Assemblée gewielt ginn. Als neien President ass den Jacques SCHWACHTGEN gewielt ginn.
Den Patrick REMACLE ersetzt den Gast REINARD bei den Keeserevisoren.

Comments are closed