Den 30. Mee huet d’FCBPet 2010 asbl seng Generalversammlung am Home zu Péiteng ofgehal. An engem gudd gefëllten Sall, huet den Veräin seng Aktivitéiten revu passéiert an d’Projeten fir d’Saison 2016/17 virgestellt.
Den FCBPet 2010 asbl invitéiert all seng Memberen Frënn an Kollegen den 31. Oktober 2015 ab 20.34 Auer op Péiteng an d’Home op säin Halloweenbal. Musek vum DJ Abbes, Tombola, Bayernshots an nach villes méi. The place to be …  
Den 16. September 2010 hunn sech e puer Leit am Café am Home zesummen fonnt fir den Grondsteen vun eisem Fanclub ze léen. Zënter hier ass den Fanclub op 350 Memberen erungewuess ouni déi den Club net iwwerliewen kéint. Dofir en groussen Merci. En groussen Merci awer och un d’Memberen vum Comité, déi vill Zäit an Energie an den Veräin stiechen, fir dass alles esou reibungslos klappt. Äre Presi, den Jacques Schwachtgen